Eise neie Restaurant, mat schéinem Bléck op d'Sauer fannt Dir um Camping zu Rouspert. Wann Dir eng entspaanten Atmosphär wëllt genéissen an e mediterraant Gefill oder de Boho-Style wëllt hei zu Lëtzebuerg erliewen, da kommt heihin! Eis motivéiert a frëndlech Ekipp, freet sech schonn drop fir Iech bei guddem Iessen a Gedrénks mat ganz vill Leidenschaft a Gaaschtfrëndlechkeet, ee Vakanzefeeling ze bidden an Iech e suergefräie Moment ze schafen.
Et ass déi perfekte Plaz fir z'entspanen iwwerdeems eis Käch an eis Barpersonal Iech mat modernen souwéi och traditionelle Menü'en a Cocktailer verwinnen. Mir sinn eis sécher dass Dir gären Är Zäit hei verbrénge wäert dowéinst freeë mir eis Iech hei am Sauerpark Beach begréissen ze kënnen.